Wikipedia:Ech hunn eng Fro

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Dës Säit erkläert Iech, wéi Dir d'Wikipedia an d'Mënschen déi hei schaffe kontaktéiere kënnt. Well de Projet immens oppen ass, gëtt et meeschtens kee fixen Uspriechpartner. Hannert all dëse Méiglechkeete stinn ausschlisslech fräiwëlleg Mataarbechter.

Froen & Hëllef
Nuvola apps filetypes.png

Vill Froë goufe scho gestallt an an der FAQ beäntwert.


Nuvola filesystems folder yellow.png Archiv



Inhaltsverzeechnes

[änneren] Wat fir Datume gi verlinkt?

" Er heiratete die 13 Jahre alte Virginia am 16. Mai 1836" (aus dem de:Edgar Allan Poe) - "Am 2. Februar 1837 erkrankte er schwer an Typhus, ..." (aus dem de:Georg Büchner) an esou weider. Déi Datume sinn allebéid net verlinkt. Wouhier dann och, well et zimlech egal ass, wéini de Poe sech bestuet huet oder de Büchner den Typhus erwëscht huet, an op den Datumssäiten och näischt doriwwer ze fannen ass! Esou ass et an der de-Wikipedia net verlinkt datt de "Nachdem Bach am 24. April 1707 in Mühlhausen vorgespielt hatte, trat er dort an der Kirche Divi Blasii am 1. Juli seinen Dienst als Organist an" An dowéinst fält et kengem an, den Datum ze verlinken. Firwat ech dat froen: Well ech froen, wéi et ass, datt op der lb-Wikipedia Datume verlinkt sinn, déi keng Doudes- oder gebuertsdatume sinn. Dat Beispill, dat mech dozou bruecht huet, dës Fro ze stellen ass dat heit: "Den 21. Juli 1941 gouf hie vun der Gestapo verhaff ..." am Artikel Andrea Pasini gouf den Datum "21. Juli" an "1941" nodréiglech verlinkt. Mee op deene Säite fënnt een näischt vun enger Verhaftung vum Pasini. Am Artikel Luigi Peruzzi ass et nach méi bosseg. E puer Beispiller "Am Februar 1943 gouf hien iwwer Tréier, München an Innsbruck op d’italiéinesch d’Grenz bruecht" Do ass de Mount "Februar" verlinkt!! An d'Joer "1943" Am Beispill "Den 9. September 1942 gouf de Luigi Peruzzi, op e Verrot hin, vun der Gestapo festgeholl ass d'Joer net verlinkt awer den Dag an de Mount; Linken, déi natierlech op den Dag féieren, wou awer näischt doriwwer steet. Dofir meng Fro: Wat fir Datume gi verlinkt? An: Firwat? --Cornischong 10:25, 1. Jan. 2009 (UTC)

Firwat gëtt eppes verlinkt? Am Prinzip ass den Zweck vum Link fir op en Artikel ze weisen an deem dat verlinktent Wuert soll erkläert ginn. Wann de Link dat mécht ass seng Missioun erfëllt.
Dat schéngt jo bei den Datumslinken de Fall ze sinn. Wann elo natierlech d'Erklärung am Artikel schlecht ass oder onvollstänneg dann ass et schwéier erauszefannen u wat dat läit. Dat ass natierlech besonnesch de Fall an den Datummsartikelen.
Mee do schéngen ausser e puer Leit wéi den Zinneke, de Les Meloures, d'Fliermaus an de SITCK, der soss net vill Intressi derfir ze weisen. Wann déi Leit bis elo net reegelméisseg ganz vill Zäit dofir opbruecht hätten, stéingen déi Säiten nach all schéi plakeg do.
A bon entendeur Les Meloures 12:12, 26. Jan. 2009 (UTC)


No bal 5 Joer Wiki sollt sech de Grond vun engem Wiki-Link esou lues ronderëmgeschwat hunn: Primär, fir méi iwwer Nimm, Begrëffer, Daten asw, (kuerz: Lemmaen), déi an engem Artikel gebraucht ginn, gewuer ze ginn, oder awer och, fir en Artikel an engem méi groussen Zesummenhank ze situéieren (Heescht en Artikel "Sprangbuer vu Butschebuerg", da sollt am Artikel ë.a. e Link op "Sprangbuer" an op "Butschebuerg" stoen, fir dass ee kann noliesen, 1. wat e Sprangbuer ass a wat et soss nach fir Sprangbuere gëtt, an 2. wat soss nach zu Butschebuerg lass ass) an esou net zulescht (duerch d'Fonctioun "Linken po dës Säit") méi Méiglegkeeen ze ginn, en erëmzefannen. Bei Datumer ass et esou, dass et zu all Joer an Dag eng eege Säit gëtt. Dofir ginn déi gewéinlech och verlinkt. Wéi bei anere Lemmata och soll e Link just déi éischte Kéier gesat ginn, wann dëst Lemma optaucht. Dofir gouf am Beispill heidriwwer 1942 net verlinkt, well dat schon am Kapitel virdrun de Fall war.
Wéi Kategorië fonctionnéieren, kann ech op Ufro och gär explizéieren.--Zinneke 17:05, 26. Jan. 2009 (UTC)

[änneren] Wa scho keen op déi viirregt Fro eng Äntwert gëtt, da vläicht op dës:

"Ce document est une image/photographie personnelle de {{Utilisateur}} destinée à sa page personnelle. Il n'est pas destiné à être intégré à une version distribuée de Wikipédia et, en tant que tel, ne doit pas être intégré à des articles de l'espace encyclopédique.
Ce document reste la propriété exclusive de son auteur. Toute utilisation ou reproduction est interdite sans l'accord explicite de celui-ci. L'apposition de ce modèle ne dispense pas de renseigner les autres champs de description : identification du sujet représenté et identification de l'auteur. Si vous apposez ce modèle sur un document dont vous n'êtes pas l'auteur ou l'ayant droit, celui-ci sera effacé sans préavis.
Ech hunn déi "Lizenz" op der fr-Wiki ( http://www.ziemiaprzyszlosci.pl/samochody//w/fr/Fichier:Guy_Bedos_19012009.JPG } fonnt, a wonnere mech alt nees emol. Ass dat eppes Neies? Gëtt et dat och hei? Oder gëtt et dat eigentlech iwwerhaapt net? --Cornischong 09:22, 26. Jan. 2009 (UTC)

An ech wonnere mech, firwat s de déi Fro net do stells, wou se higehéiert: Op déi Franséischsproocheg Wiki? --Zinneke 16:22, 26. Jan. 2009 (UTC)

[änneren] Adelstitelen zu Lëtzebuerg

Moien,

eng Fro, déi mer am Kontext vum Artiel Robert vu Lëtzebuerg komm ass:

An Däitschland an Éisträich goufe bekanntlech d'Adelstitelen ofgezschaaft, an do ass de "von und zu", hei ans do och d'Wuert "Graf", entweder ewechgelooss (Otto Habsburg) oder einfach eng Partikel vum Numm (kuckt de Politiker Otto Graf Lammsdorf, deen "Otto" mam Virnumm a "Graf Lambsdorf" mam Familljennumm heescht) - och wann d'"Fach"press ewéi d'Goldene Blatt&Co. dat hei ans do 'vergësst'.

Zu Lëtzebuerg hu mer jo d'Prinzip, datt engem säin Numm deen ass, deen am Gebuertsregëster steet (Hat den Officier de l'Etat civil eng am Biz an hat e sech verschriwwen, dann heescht de Jong vum Här 'Schmitt' säi Liewe laang 'Mitt' mam Familljennumm). Hei huelen ech net un, datt deen Här als "vu Lëtzebuerg" agedroe wär, éischter schonn als "de Luxembourg".

Bei Monarchen ass dat aneresäits kloer: déi hu just e Virnumm an dann den Zousaz "vun/de/of/..." deem Land, wou se un der Spëtzt sinn. Mee wéi ass dat bei hirer Famill, déi en Troun ni oder nëmme vu ganz wäitem ze gesi kritt?

An dann nach: der Verfassung no vergëtt de Grand-Duc vu Lëtzebuerg Adelstitelen (Art.40). Wees een, ween a leschter Zäit (oder iwwerhaapt) an dee Genoss komm ass? A wéi ass dat bei senger Famill? Hunn déi dat automatesch?

Kuerzem: Ginn et ausser "Groussherzogs" nach "richteg" Adleger zu Lëtzebuerg, a wa jo, wéi ass deenen hire "richtegen" Nummm?

--Zinneke 10:09, 29. Jan. 2009 (UTC)

Moien,

De Familljennumm vun der groussherzoglecher Famill ass de Nassau.

De Barong Charles de Waha
Confirmatioun du Titre
D'Famill vum Grof Gaston de Marchant et d'Ansembourg. Hie selwer ass virun engem Joer gestuerwen. --Pecalux 11:09, 29. Jan. 2009 (UTC)
De Barong Hubert de Schorlemer vum Grondhaff. --Pecalux 11:16, 29. Jan. 2009 (UTC)
De Barong Raymond de Waha
Confirmation du Titre
De Fierschter Jean-Marc De Waha huet e Barongstitel. Les Meloures 11:15, 29. Jan. 2009 (UTC)


Remoien,

Souwäit wéi ech weess hat d'Groussherzogin Charlotte op d'mannst een Adelstitel verdeelt. Ech kommen elo awer net méi op den Numm. Les Meloures 11:36, 29. Jan. 2009 (UTC)

Von und zu Alzheim, vläicht? Mä Spaass bei Säit, ët war e Member vun der schwedescher Kinneksfamill, deen duerch säi Bestiednës, dat nët "standesgemäss" war, säin Titel a Schwede verluer hat. Eis Charlotte huet him, deem Bernadotte, deen op der Insel Meinau am Bodensee geliewt huet, en Titel verpasst, fir datt e sech weiderhi mat sengesgläiche kënnt ëremdreiwen an dobäi wuel fillen... Blo

[änneren] Arbed S.A. „Main Headquarter“ in Esch

Hallo zusammen, ich suche ein bestimmtes Gebäude des Architekten de:Gottfried Böhm, und zwar die „Hauptverwaltung“ der Arbed Stahl in Esch-sur-Alzette. Ein Bild habe ich hier gefunden. Leider finde ich nirgendwo eine Adresse dazu. Eigentlich suche ich ein Bild unter einer freien Lizenz für diese Liste, aber ich müßte erst mal wissen, wo genau es sich befindet. Kann mir jemand helfen? Vielen Dank! Grüße, --Elya 22:07, 3. Mäe. 2009 (UTC)

Hallo Elya. Es müsste sich um das Gebäude handeln, das man auf dem Foto im Artikel Schlass Berwart hinter dem Turm versteckt im Hintergrund sieht. Es befindet sich in Esch, in der Luxemburger Strasse. Bei gutem Wetter vielleicht mehr über's Wochenende;-). Gruss, --Zinneke 00:14, 4. Mäe. 2009 (UTC)
Wikipedia ist toll :-) vielen Dank, ich bin gespannt! --Elya
Hallo nochmal, Bild ist in die Liste eingebaut. Gru3, Z.
Tausend Dank, ich hab's grade gesehehen :-) --Elya 06:48, 9. Mäe. 2009 (UTC)

[änneren] Dat Patheetescht an d'Schreifweis

"Wikipedia Bréngt Eis Weider Eist gemeinsamt Wëssen." : Firwat gëtt "bréngt", "eis" a "weider" grouss geschriwwen?? A firwat kritt "gemeinsaamt" nëmmen een "a"? Wéi et mam däitsche "Schatz" ass, wäerte mer och nach erkläert kréien. Ass dat net e bësse vill Kabes beieneen? --Cornischong 17:28, 13. Nov. 2009 (UTC)

[änneren] Benotzer Diskussioun - eng Fro

Beäntwert een eigentlech d'Froen op senger Diskussiounssäit do oder op der Säit vum deem senger deen d'Fro stellt? --Jwh 23:14, 5. Sep. 2010 (UTC)

Moien,

am léifsten op der Säit wou gefrot gouf. Da bleift d'Diskussioun zesummen. Wann ee wëllt den aneren extra drop opmierksam maachen, deem einfach e Message hannerlossen datts de op denger oder op enger anerer Säit g'äntwert hues. Sou wéi ech et elo bei Dir gemaach hunn. Les Meloures 23:24, 5. Sep. 2010 (UTC)

Flott, Merci fir déi schnell Äntwert! --Jwh 23:31, 5. Sep. 2010 (UTC)

[änneren] Réckelen

Gengt Dir mir w.e.g. den Kesseleksbaach op Kesselecksbaach, (Numm beim GIS), réckelen Villmools Merci! --Jwh 02:15, 7. Sep. 2010 (UTC)

Ass gemat. --Otets 04:48, 7. Sep. 2010 (UTC)

Merci! --Jwh 10:30, 7. Sep. 2010 (UTC)

[änneren] Harakiri

Moien, ech probéiere grad Wikipedia-Harakiri ze maachen. Wikipedia ass zwar e ganz flotte Projet, mä ech mengen ech sinn e bëssi ze faul dofir. Kann ee mer hëllefen? Merci an hoffentlech Äddi – dir maacht är Saach gutt! -- Jean Beurlet

Dir wësst jo, dass Euthanasie lo erlaabt ass, dir kënnt mir also gäre weiderhëllefen. -- Jean Beurlet

[änneren] Wiki Loves Monuments 2011

Wikilovesmonuments logo.svg

Nachdem im vergangenen Jahr in den Niederlanden im Rahmen der Aktion "Wiki Loves Monuments" der gesamte Bestand der Rijksmonumente für die Wikipedia erschlossen werden konnte und mehr als 12.500 Bilder von denkmalgeschützten Objekten geschossen und hochgeladen wurden, soll der Fotowettbewerb in diesem Jahr europaweit durchgeführt werden.

Die internationale/wikimediaweite Koordination geschieht auf Wikimedia Commons, siehe hier. Es gibt auch einen internationale Mailingliste. Das deutschsprachige (noch nicht besonders weit gediehene) Projekt zu den Kulturdenkmalen in Luxemburg findet sich unter de:Wikipedia:WikiProjekt Denkmalpflege/Luxemburg.

Gibt es auf Seite der luxemburgischen Autoren Interesse, sich an dieser Aktion zu beteiligen? Ich habe gesehen, dass es schon einige sehr schöne und bebilderte Artikel zu den Monuments nationaux, auf die man gut aufbauen kann. -- 79.168.7.130 00:15, 14. Feb. 2011 (UTC)

Danke für's Posten. Ich hatte bereits auf Wikipedia:De Staminee (dem "Stammtisch") auf die Aktion aufmerksam gemacht. Interesse besteht sicherlich, aber wie bei so vielem hier ist die gro3e Frage, wie man über die Handvoll Aktive hier hinaus, die ohnehin schon Artikel schreiben, Edits überwachen und verbessern, etc., das "breite Publikum" einbeziehen kann, damit dieses Projekt nicht auf Kosten der restlichen Arbeit geht.
Es gibt einige hundert "Monuments classés". In nächster Zeit werde ich mal sehen, wie man die in eine komplette Liste aufnehmen kann. --Zinneke 09:53, 14. Feb. 2011 (UTC)
Vielleicht kann man sich projektübergreifend unterstützen. Es gibt in der de:WP Interesse, die Listen für Luxemburg zu übernehmen. Unter de:Liste der Kulturdenkmale in Bech (Luxemburg) hatte ich schon vor WLM2011 mal exemplarisch eine Liste angelegt. Wenn man da zusammenhilft, kann man schon in vergleichsweise kurzer Zeit auf recht gute Ergebnisse kommen. Wenn die Struktur steht, muss man am Ende ja nur noch ein paar Texte austauschen.
In dem Zusammenhang die Frage: gibt es das Amtsblatt eigentlich auch in Deutsch? Im Moment bediene ich mich dieser Liste in französisch. -- 79.168.7.130 11:40, 14. Feb. 2011 (UTC)
Zusammenarbeit würde die Sache sicherlich erleichtern. Die Seite zu Bech ist ein gutes Vorbild, wie die anderen 115 Gemeinden zu behandeln wären. Sicherlich wird es auch ettliche Luxemburger geben, die in der de:WP aktiv sind, und (hoffentlich) dort mitarbeiten. Meine Erfahrung zeigt, dass das jedoch andere User sind, als die, die hier mitarbeiten (aus dem einfachen Grund, dass es hier noch soviel zu tun gibt, dass sich die Aktiven hier es sich nicht "leisten" können, ihre Zeit zusätzlich in anderen WPs zu investieren).
Das Amtsblatt gibt es seit 65 Jahren nur mehr in Französisch.--Zinneke 13:55, 14. Feb. 2011 (UTC)

Fortsetzung der Diskussion "Um Stamminee" - hier archiviert. --Zinneke 16:17, 28. Mäe. 2011 (UTC)

[änneren] Réckelen

Gëtt et nach d'Méiglechkeet fir en Artikel ze réckelen (z.B vu "Fédération Luxembourgeoise de Tir aux Armes Sportives" op "Fédération luxembourgeoise de tir aux armes sportives") oder muss en den Artikel ënner dem neie Lemma opmaachen an den Text eriwwerkopéieren (mat Verloscht vum Historiquevun de Versiounen)? --Fliedermaus 18:28, 9. Mäe. 2011 (UTC)

Moien,

Ass geschitt. -- Les Meloures 19:13, 9. Mäe. 2011 (UTC)

Moien,

Merci fir deng Aktioun. Ech weess awer net wéi dat gaangen ass.--Fliedermaus 19:20, 9. Mäe. 2011 (UTC)

Remoien,

Uewen op der Artikelsäit an de Reideren ass tëscht dem Stär an der Sichkëscht e Feil. D'Maus do drop setzen an da geet e Menu op, an deem s de Réckelen fënns. Dann einfach do drop klicken. --Les Meloures 19:47, 9. Mäe. 2011 (UTC)


Merci,

Elo hunn ech de "Réckelen" fonnt.--Fliedermaus 08:17, 10. Mäe. 2011 (UTC)


[änneren] M an N mam Circonflex

Ech hunn elo an engem Buch iwwert den administrativen an techneschen Ëmgang mat diakritesch Zeechen (Zeichen setzen für Europa, vum Bernd Kappenber) entdeckt, datt et en M an en N mat Circonflex gëtt an datt dat, scheinbar, exklusiv lëtzebuergesch Bustawe wieren. Ech hu mech elo de ganze Mëtteg domadden ameséiert, mech duerch de Spaweck ze googlen an hun héchstens nach aner Publikatiounen fonnt, wou se als "al lëtzebuergesch Orthographie" gefouert ginn (Letter Database - Louxembourgian). Meng Froen un déi aner Wikipedianer dofir:

  • weess ee vun ierch méi iwwert déi 2 Bustawen?
  • wéi kinnt een iwwert déi Bustawen an der Wiki en Artikel uleeën?

Zum leschte Punkt: et wier jo sëcherlech interessant, dat mol festzehaalen. Allerdéngs gëtt et dës Bustawen a kengem Unicode, sou datt den Artikel da wahrscheinlech mat engem Artikel zum Bustaw M resp. N zesummegefaasst misst ginn, vu datt den eigentleche Bustaw informatesch nëmmen als Grafik duerzestellen ass. --JimHawk 15:03, 6. Jul. 2011 (UTC)

Den m an den n mat Zirkumflex gouf et effektiv an der Bruch-Orthographie (där vum Luxemburger Wörterbuch). Et war geduecht, fir den Nasal auszedrécken, wéi z.B. an Timber oder Chancen. An der haiteger Orthographie (där vun 1999) ass dat ofgeschaaft ginn. Wéi uewe geschriwwen, dierft ee Grond dofir sinn, datt een en net um Computer schreiwe kann. Iwwregens: Kuck der mol nach méi al Schreifweisen un: Do gouf et e Circonflex gläich iwwer zwéi Vokaler ewech, z.B. beim Dicks sengem Op der Juocht (haut wier dat Op der Juegd), dee war iwwer dem u an dem o. --Zinneke 21:49, 6. Jul. 2011 (UTC)

Déi eenzeg Méiglechkeet, déi ech kennen, ass <math>\hat m</math> <math>\hat n</math> → \hat m \hat n woubäi awer nach Formatlierungsproblemer bestinn. --Christian Ries 10:19, 3. Okt. 2011 (UTC)

[änneren] Dës Ännerung gouf nach net nogekuckt

Zënter haut (26. Mäerz 2011) ass ënnert "Rezent Ännerungen" viru verschidde Kontributiounen e rout Ausruffzeechen ( ! ) ze gesinn. Wann de Pointeur drop weist kënnt den Text "Dës Ännerung gouf nach net nogekuckt" derbäi stoen. Meng Fro:

Wat ass Sënn an Zweck vun dësem Zeechen?
Ween ass qualifizéiert fir dës Ännerungen nozekucken?

--Pecalux 06:48, 26. Nov. 2011 (UTC)

Dat rout Ausruffzeechen ( ! ) steet virun allen Artikelen déi vun engem Benotzer ugeluecht goufen deen d'Benotzerrecht 'autopatrolled' net huet. Dat Benotzerrecht hunn zur Zäit op der lb-Wikipedia nëmmen Administrateuren a Botten an et gëtt och elo keng technesch Méiglechkeet (déi fräigeschalt ass) fir anere Benotzer dat Recht derbäi ze ginn.
All Benotzer déi d'Recht 'patrol' hunn - zur Zäit nëmmen Administrateuren op der lb-Wikipedia kënnen déi esou mat eng roudem Ausruffzeechen markéiert Artikelen 'nokucken' (patrol) andeem si d'Lëscht vun den neie Säiten opmaachen déi schonn nogekuckte Säiten (déi an de rezenten Ännerungen mam rouden Ausruffzeechen) sinn do giel hannerluecht (dëst awer nëmmen fir Administrateuren) a wann den Administrateur elo vun där Säit op eng vun Säiten déi giel hannerluecht ass geet an do ganz un d'Ënn vun der Säit (just iwwer de Kategorien) riets kuckt dann ass do e Link '[Dës Säit als nogekuckt markéieren]' a wann een dann dorop klickt da gëtt déi Säit als nogekuckt (patrolled) markéiert an de rouden Ausruffzeechen ass dann duerno och net méi an de rezenten Ännerungen ze gesinn.
Fir méi ze wëssen iwwer Benotzerrechter a wie wat däerf kuckt: Spezial:Lëscht_vun_de_Grupperechter
Wat de Sënn vun dëser Markéierung ass? Do huelen ech un datt et dorëm geet fir besser ze gesinn wann net relevant Artikelen ugeluecht ginn. Net ageloggte Benotzer (esougenanten IP-en) gesinn dat roud Ausruffzeechen net.
Ech hoffen dëst hëlleft e bësse weider, mat beschte Gréiss --Robby 07:35, 27. Nov. 2011 (UTC)

Merci, Roobby, fir dës Explicatiounen. Elo ass alles kloer. --Pecalux 09:29, 27. Nov. 2011 (UTC)

Perséinlech Tools

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht

Polecamy: Pozycjonowanie, wózki dziecięce, Kino domowe, Viagra, Kredyty